Services

Felicitatioun, Dir gitt bestued!


Elo ass et Zäit Äre groussen Dag ze plangen.

Alles wat Dir elo nëmme maache musst ass : Äert Hochzäitskonzept erstellen, no der perfekte Location fir Zeremonie an Feier sichen, d’Invitatiounskaarten auswielen, en perfekt Brautkleed fannen, en Traiteur, Fotograf, Museker, en Florist, déi passend Dekoratioun, dann nach den Hochzäitskuch ...

Ups! Hutt Dir un alles geduecht? Hutt Dir genuch Zäit fir är Hochzäit ze plangen? Oder sidd dir e bëssen iwwerfuerdert mat Ärer ganzer Organisatioun? Mengt Dir och dass et bestëmmt gutt ass een un senger Säit ze hunn deen iech hëlleft Är Hochzäit ze gestalten?

Ech kann Iech duerch den ganzen Prozess begleeden an Iech sou hëllefen Zäit an Energie ze spueren. Dir wäert gesinn; dëst gëtt een vun den opreegensten Momenter an Ärem Liewen.

Egal ob et Ären Dram ass eng kleng, intime an elegant Hochzäit ze feieren oder ob Dir vun enger grousser, extravaganter an dramatescher Feier dreemt – ech kann Är Visioun verwierklechen, während Dir Iech einfach relaxéiert an all Moment vun der Organisatioun an vun der Hochzäit selwer genéisst.

Ech bidden verschidden Servicer un:


Full Service

Full Service


An dësem Package ass e kompletten Service dran. Zesummen gestalten mir Är Hochzäit vun Ufank bis zum Schluss. Ech bekëmmeren mech ëm déi ganz Organisatioun an koordinéieren den Dag vun Ärer Hochzäit bis an den klengsten Detail.

Wedding Design

Wedding Design


Eng Hochzäit soll net nëmmen gutt geplangt mee och flott dekoréiert sinn. Mat Kreativitéit wäert ech Är Location mat Hëllef vun Luucht, verschidden Materialien an Faarwen, mat Miwwelen, Blummen an aner Dekoelementer verwandelen. Zesummen developpéieren mir en perséinlecht Hochzäitsthema oder en Style deen perfekt bei Iech passt an individuell ass.

D’Méiglechkeeten sinn onendlëch.

All Hochzäit gëtt vu mir conceptualiséiert an kreéiert an dobäi respektéieren ech Är Visioun, Är Wënsch an Äre Budget. Egal fir wat Dir Iech entscheet, et wär mir en groussen Plaiséier Iech ze hëllefen en onvergiesslechen Event ze kreéieren; fir Iech, Är Famill an Är Frënn.


Villmools Merci dass ech en Deel vun Ärem besonneschen Dag däerf sinn...