About

PASSIOUN AN QUALITEIT


Häerzlech wëllkomm an menger Welt vun den Hochzäiten ... Säit menger Kandheet hunn ech ëmmer erëm dovun gedreemt Hochzäiten ze plangen an eenzegaarteg Eventer ze organiséieren.

Haut hunn ech den Privileg dëst berufflech ze man. Dës Aarbecht gëtt mir d’Geléigenheet all déi wonnerschéin Geschichten vun Koppelen ze héieren an en Deel dovun ze ginn.

Mäin Wonsch ass et Iech, Ärer Famill an Frënn Erennerungen ze kreéieren déi fir ëmmer bleiwen. Dëst ass nëmmen méiglech wann ech opmierksam op Är Wënsch aginn an wann ech verstinn ween dir sidd an wat dir Iech fir Ären Daag wënscht. Ech sinn der Meenung dass den klengsten Detail den gréissten Afloss op Är Hochzäit huet an dass Är perséinlech Touche Är Hochzäit eenzegaarteg mëcht.

Och wann Dir nach keng genau Virstellung vun Ärem Hochzäitsdag hutt, loosst mech Iech guidéieren. Ech wär méi wéi frou meng Ideeën mat Iech ze deelen an Iech ze hëllefen Ären Dram ze erfëllen. Zesummen wäerten mir den obreegegsten an schéinsten Event vun Ärem Liewen plangen, deen Är Perséinlechkeet als Koppel an och als individuell Persoun reflektéiert.


 

Et wär mir eng Freet Ären Hochzäitsdag ze designen, ze plangen an ze koordinéieren.


 
Ech freeën mech Iech kenneléieren ze däerfen.

Kommt an meng Welt
an loosst eis zesummen Ären Dram verwierklechen.